EduTrends2024 Impulsried

Am Kader vun der 2: Editioun vun der EduTrends Konferenz hat ech d’Éier eng Impulsried ze halen:

D’Digitaliséierung ass ee Mega-Trend an eisem Liewen. Et kënnt ee kaum drëm rëm z’erkennen, datt villes, wat mir am Alldag maachen, verännert gouf duerch digital Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. Innovatiounsfuerscher schwätzen hei souguer vun Disruptioun, well net just dat Alt verbessert gouf, mee well eppes ganz Neies entstanen ass, wat ganz anescht funktionnéiert.

Och an der Educatioun gëtt sech säit Joren mat der Digitaliséierung beschäftegt. Ech gi selwer säit bal 20 Joer der Fro no wéi mer digital Medie strategesch an den Unterrecht integréiere kënnen, wéi mer mat digitale Medien d’Léieren ënnerstëtze kënnen.

Ëmmer rëm drängt sech dann d’Fro op wéi mer dat gewënnbréngend maache kënne, fir datt et “eppes bréngt”. “Wat ass Plus-value vun digitale Medien fir d’Léieren?” héiert een oft. An et gëtt ëmmer nees Stëmmen déi bezweifelen, datt den Asaz vun digitale Medien an der Schoul “gutt fir d’Léieren” ass…

Natierlech kann een dorobber äntweren, datt et ëmmer dovunner ofhänkt ob een se “richteg” asetzt… Wann ech net weess wéi ech een Tool sënnvoll benotze kann, da läit et net um Tool per se wann ech net déi gewënschten Effekter domadder erreechen, well ech e jo falsch asetzen.

Wa mer eis awer d’Fro stelle, wéi mer digital Medien “richteg” fir Bildungszwecker asetze kënnen a sollen, da geet et net duer fir ze wësse wéi mer déi Toolen richteg handhabe kënnen… da musse mer eis vill méi fundamental der Fro stellen wéi déi digital Medien eist Verständnis vu Wëssen, Léieren an iwwerhaapt vu Bildung verännert hunn – oder sollten hunn…

Genau sou wéi virun circa 4000 Joren d’Erfindung vun der Schrëftsprooch eis Virfaren dozou bruecht huet fir “gebilt sinn” enk mam Medium Schrëft ze verbannen a se dozou bruecht huet fir déi éischt Schoulen z’entwéckelen, musse mer eis haut d’Fro stellen, wann et em Bildung geet, awéiwäit digital Medien an Technologien méi si wéi neutral an austauschbar Toolen.

Wee behaapt, datt et keen Ënnerscheed mëscht op ech een Text mam Hummer a mam Meessel, mat enger Fieder, mat enger mechanescher Schreifmaschinne oder mat engem Textveraarbechtungsprogramm um Computer verfaassen, deen huet ni wierklech déi verschidde Medien an Toolen ausprobéiert.

De Medium mëscht eppes mat eisem Denken. E mëscht eppes mat eiser Kultur a mat eisem Verständnis vu Wësse. E verännert och wéi Wëssen entsteet, wéi et festgehale gëtt, wéi mer et weiderginn… Wann Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien nët esou inherent eppes mat Wëssen a Bildung ze dinn hätten, da kéint ee jo nach denken se wären neutral an austauschbar.

Mee, well Medien ëmmer schonn enk verknëppt ware mat Wësse schafen, Wësse festhalen, Wëssen deelen an u Wësse kommen, kuerz mat Kultur a Bildung, komme mer an der Schoul kaum drëm rëm fir eis der Fro ze stellen awéiwäit déi digital Medien eis Kultur, notamment eise “Rapport au Savoir”, grondsätzlech verännert hunn, a wat dat dann grondsätzlech fir Bildungsprozesser bedeit…

Ech fäerten et geet dofir net duer fir sech d’Fro ze stelle wéi mer digital Medien an de bestoenden Unterrecht integréiere kennen – Stéchwuert “digitaliséieren”: vum Analogen zum Digitalen.

Et stellt sech dofir, a mengen An, manner d’Fro wéi mer digital Geräter an d’Schoule kréien… a wéi mer domadder bestoend Praktike verbesseren…

Mee mer mussen eis d’Fro stellen wéi eis Schoulen der omnipräsenter Kultur vun der Digitalitéit gerecht kënne ginn… Dat ass déi grouss Erausfuerderung vun eiser Zäit… fir datt eis Schoulen déi Jonk drop virbereeden sech an där Kultur erëmzefannen an där si lo scho liewen an an Zukunft liewe wäerten…